Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

D’Eleanor Shellstrop ass dout. A well si haaptsächlech e gudde Mënsch war an als Affekot fir aner Mënsche gekämpft huet, kënnt si an déi “Gutt Plaz”. Do gëtt et just ee Problem: D’Eleanor Shellstrop war kee gudde Mënsch. An och keng Affekotin. D’Eleanor Shellstrop weess ganz genee, datt si en egoistesche Mënsch war an op der komplett falscher Plaz gelant ass.

Si kritt en “Seelenverwandten”, den Chidi Anagonye, deen Ethikprofesser war, wéi en nach gelieft huet. A wéi d’Eleanor him erzielt, datt si net déi Persoun ass, fir déi se gehale gëtt, kritt hie sech net decidéiert, ob hie se soll verroden oder net. Duerfir akzeptéiert hien dem Eleanor seng Propositioun, datt hien hir soll bäibréngen, wéi se e bessere Mënsch ka ginn.

Mä e gudde Mënsch ze ginn, ass méi schwéier, wéi geduecht, zemools, wann ee wéi d’Eleanor seng Nopesch Tahani e Snob a arrogant fënnt a se duerfir net kann ausstoen. Oder wann een erausfënnt, dat dem Tahani hiren “Seelenverwandten” den Jianyu Li, net e buddhistesche Mënch, mä a Wierklechkeet en DJ a Klengkriminelle war, also och guer net an déi „Gutt Plaz“ gehéiert.

D’Iddi vun “The Good Place” ass zwar witzeg, mä net esou witzeg, datt ee sech an engem Stéck misst futti laachen. Wat d’Serie interessant mécht, sinn déi philosophesch Froen, déi se stellt. Wéi definéiert ee gutt oder béis? Wéini ass e Mënsch gutt oder schlecht a kann e sech änneren? Eng Rei grouss Philosophe kommen zu Wuert um Eleanor hirem Wee zu engem bessere Mënsch, deen et verdéngt an der „Gudder Plaz“ ze liewen. Bis zum Schluss, wou alles sech ännert.

Déi éischt zwou Staffelen vun „The Good Place” kann een op Netflix kucken.

D'Deeler aus "Witzeg Serien"

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"