Lëtzebuerg sollt d'nächst Joer bei der Konschtbiennal duerch d'Tina Gillen vertruede sinn. Dës ass lo viraussiichtlech 2022.

Vum 29. August bis den November sollt dëst Joer erëm alles am Zeeche vun der Architektur zu Venedeg stoen. Ënnert dem Titel «How Will We Live Together?» ass d'Biennal awer eréischt 2021 an Italien.

An domat réckelt och d'Konschtbiennal e Joer no hannen a wäert net nächst Joer, mee 2022 vum 23. Abrëll bis den 27. November organiséiert ginn.

D'Decisioun, fir déi 2 Biennalen ze verréckelen, gouf geholl, well et net méiglech wäert sinn, d'Delaien anzehalen. Hei geet et ëmmerhin ëm Expositiounen, déi vu Kënschtler weltwäit realiséiert solle ginn an zum Deel ganz komplex sinn.

Op der 59. Biennal wäert d'Lëtzebuergerin Tina Gillen de Grand-Duché representéieren. D'Kënschtlerin gouf ënnert 19 Kandidaten ënnert anerem wéinst hirer "artistescher an intellektueller Pertinenz" zréckbehalen.

D'Tina Gillen ass 1972 zu Lëtzebuerg gebuer, d'Molerin lieft a schafft zu Bréissel an enseignéiert op der Royal Academy of Fine Arts zu Antwerpen.

D'Biennal zu Venedeg gehéiert zu der wichtegster a bekanntster Konschtausstellung weltwäit a garantéiert dem Kënschtler domat och eng grouss Visibilitéit an Unerkennung. Zejoert huet de Marco Godinho eist Land zu Venedeg mat der Installatioun "Written by Water" vertratt - eng 120.000 Visiteure waren deemools am Lëtzebuerger Pavillon defiléiert.

Offiziellt Schreiwes

Les Biennales d'architecture et d'art de Venise reportées à 2021 et 2022 (19.05.2020)
Communiqué par: ministère de la Culture / Mudam Luxembourg – Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean La Biennale de Venise annonce que la 17e exposition internationale d'architecture «How Will We Live Together?», qui devait avoir lieu à Venise du 29 août au 29 novembre 2020, a été reportée à 2021, et se tiendra du samedi 22 mai au dimanche 21 novembre.

En conséquence, la 59e exposition internationale d'art, qui devait avoir lieu en 2021, a été reportée à 2022. Elle se tiendra du 23 avril au 27 novembre.

La décision de reporter les Biennales est une considération du fait qu'il est impossible d'avancer dans les délais prévus avec la réalisation d'expositions aussi complexes et mondiales, en raison de la continuation d'une série de difficultés dues aux effets de la crise sanitaire en cours.

Comme annoncé le 14 mars 2020, Tina Gillen (née en 1972 à Luxembourg) représentera le Luxembourg à la 59e Biennale de Venise. Son projet «Faraway So Close» est pensé comme un «tableau vivant» déployé à l'échelle du pavillon luxembourgeois. Il offre une réflexion sur les relations entre l'espace intérieur et le monde extérieur et prendra corps au sein d'un dispositif scénographique spécifique inspiré des décors cinématographiques.

Le Mudam Luxembourg a été désigné porteur de projet pour la représentation officielle du Grand-Duché de Luxembourg par le ministère de la Culture.