Wat fréier géint 1900 nach eng Maart-Attraktioun war, huet sech dunn 1930 souzesoen an Amerika kommerzialiséiert. D'Gebuertsstonn vum Autokino.

Et huet bis 1960 gedauert, bis den Autokino de Wee an Europa (Däitschland) fonnt huet. Vill Gemengen hei zu Lëtzebuerg hunn dëst Konzept nees an de leschte Joren an d'Liewe geruff, ma elo zu Corona-Zäiten huet ënnert anerem d'Gemeng Mamer am Parc d'activités zu Kapellen en Autokino op d'Bee gestallt. De Succès den éischten Dag war iwwerraschend: Tickete waren ausverkaaft.

Et ass eng riseg LED-Projektiounswand, déi engem emol direkt an d'A fält, wann een ukënnt. Heiriwwer gëtt herno de Film gewisen. D'Gemeng Mamer huet domat net den Autokino nei erfonnt, mä et war dem Françis Verquin wichteg, eng Alternativ ze fannen, dëst wéinst den aktuelle Corona-Ëmstänn.

Villes gouf an der Gemeng Mamer ofgesot, ma elo soll de Kino de Leit nees Freed maachen. Wie seng Plaz bis fonnt huet, ass esou gutt ewéi prett. Prioritär bei dem ganze Konzept war, dass alles "contactless" iwwert d'Bün leeft.

Per App gëtt d'Iessen an d'Gedrénks bestallt an et kritt een eng SMS, wann een et siche goen dierf.

Bei der Première leschten Donneschdeg waren d'Plazen all ausverkaaft, d'Erklärung läit awer op der Hand: déi meescht Clientë si virwëtzeg gewiescht a waren nach ni an engem Drive-in-Kino. Den Toun gëtt iwwert e Radio-Signal ausgestraalt - esou huet een de perfekten Toun am Auto.

Bis de 4. Juni dierf een nach vill Filmer entdecken, ma de Programm fënnt een um Internetsite vun der Gemeng Mamer.