"Nature Morte" vum Pablo Picasso konnt ee fir 100 Euro kréien. Dofir huet ee just e Lous a ganz vill Gléck gebraucht.

Dës Tombola zu Paräis huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt. "Nature Morte" vum Pablo Picasso konnt ee gewannen, datt mat engem Lous vun 100 Euro. D'Bild, wat de Picasso 1921 gemoolt huet, huet e Wäert vu ronn enger Millioun Euro.

Mat der Aktioun wollt ee Sue fir Hëllefsprojeten an Afrika sammelen. An déi Iddi ass och opgaangen. Ronn 51.000 Lousen à 100 Euro konnt ee verkafen an esou 5,1 Milliounen Euro fir Care sammelen. 1 Millioun Euro vun dëse Sue ginn awer un de fréiere Besëtzer vum Bild, dem Konschtsammler David Nahmand. Mat den anere Sue kann elo proppert Drénkwaasser fir ronn 200.000 Mënschen a Madagaskar, Kamerun a Marokko gewonne ginn.

Iwwert de Picasso konnt sech eng Italienerin freeën, déi de Lous geschenkt krut.