An den nächste Woche gëtt freidegowes um 20 Auer ëmmer e klenge Concert vun der Philharmonie offréiert, deen op Facebook an op RTL.lu gestreamt gëtt.

Fir de véierte Concert vun dëser Serie "Phil Live doheem" war et um Freideg Musek vum Greg Lamy an dem Lionel Loueke.

"Phil live doheem" offréiert Freidegowes eng Mëschung aus verschiddene Genren an héchster Qualitéit, mat Kënschtler aus Lëtzebuerg an och OPL-Museker.

Déi nächst "Phil Live doheem"- Concerter:

· Alena Baeva & Vadym Kholodenko

· Reis Demuth Wiltgen

Hei de Stream vum Trio Zala Kravos, Anik Schwall a Ryoko Yano

Hei de Stream vum Lëtzebuerger Pianist Jean Müller

Hei de Stream vum leschte Freideg mam Bartleby Delicate