Ugefaangen huet seng sougenannte "Leidensgeschicht" wärend Gaardenaarbechten, bei deenen hie sech blesséiert hat.

Iwwerdeems hien enthusiastesch Hand ugeluecht hat am Gaart, ass säi "Gluteus Maximus", e Muskel am Hënneschten, gerass. "Ech hätt guer net geduecht, dass e puer Leit et dobausse géinge witzeg fannen, wann ee Péng am Hënner huet", beklot sech de Brian May an enger Video-Noriicht op Instagram. No enger Untersuchung am MRT-Scanner hätt d'Péng u sech sollte fortgoen, ma de Schmäerz ass awer bliwwen.

Et hätt sech ugefillt, wéi wann een engem de Schrauweschlëssel an de Kierper stécht, sou den 72 Joer ale Gittarist. Ausgehalen huet hien dat Ganzt just mat Hëllef vu staarke Medikamenter. No enger 2. Untersuchung beim Dokter koum eraus, dass de Muskelrëss net de Problem war, mä en ageklemmten Ischiasnerv.

Domat net genuch. Wärend där ganzer Zäit hat hien nach en Häerzinfarkt dobäi. No ronn 40 Minutte Schweessen, kengem Gefill méi an den Äerm a Péng an der Broscht huet säin Dokter hien an d'Spidol bruecht. Do gouf festgestallt, dass de Brian May en Häerzinfarkt hat. 3 Arterie ware verstoppt, duerch déi d'Bluttzirkulatioun an d'Häerz bal blockéiert gouf. Op der Plaz goufen him direkt 3 Bypäss agesat.

"Ech war dem Doud ganz no, och wann d'Péng vun anzwousch ganz anescht hierkoum", erkläert hien am Video. Elo geet et dem fréiere Queen-Gittarist awer gutt. Wéi et heescht, ass hie mëttlerweil nees gesond, muss awer bis op Weideres mat de Krätsche goen. Wéi de Brian selwer seet: "I'm ready to rock".