D'Filmer ginn dëst Joer um Enn vum Summer nach wärend der Schoulvakanz zu Lëtzebuerg gedréit.

Fir 3 Filmprojete sicht Castinglux eng Kéier ee Jong tëscht 5 an 8 Joer, deen och Lëtzebuergesch schwätzt. Da ginn zwee Jongen tëscht 11 an 18 Joer gesicht, dës mussen Däitsch kënnen (Akzent akzeptéiert), e Plus ass, wa se sportlech sinn oder klotere kënnen. An da ginn nach zwee Jongen tëscht 7 bis 12 Joer gesicht, déi Däitsch a Franséisch schwätze kënnen.

Et muss een net onbedéngt Erfarung am Beräich Theater a Kino hunn, et ka jidderee sech mellen.

Elteren, déi Kanner hunn, déi un enger vun de Rollen interesséiert sinn, sollen esou séier wéi méiglech 2-3 aktuell Fotoe vum Kand/Jugendleche (Vu Kapp bis Fouss), Numm, Alter, Gréisst, geschwate Sprooche mam Niveau, Wunnuert an d'Telefonsnummer vun den Elteren un info@castinglux.com schécken. Wa Leit schonn e Profil op castinglux.com hunn, solle se iwwerpréiwen, ob alles um neiste Stand ass a brauchen da keng Email ze schécken.