Mam Titel "Spencer" gëtt eng vun de leschte Chrëschtfeiere vun der Lady Di mat de brittesche Royals am Ufank vun den 90er Joren verfilmt.

Fir d'Haaptroll wier direkt d'Kristen Steward a Fro komm, sou de Regisseur Pablo Larraín um Site Deadline.com, well si mysteriéis, zerbriechlech an awer och staark kéint eriwwer kommen, fir d'Prinzessin Diana ze verkierperen. D'Kristen Steward ass an der Haaptroll vun der Filmrei "Twilight" bekannt ginn a war laang een Teenie-Star.

De Film soll zu där Zäit spillen, an där d'Prinzessin Diana mierkt, datt et fir si eriwwer ass mam Prënz Charles an datt si net wëll Kinnigin ginn. E puer Joer drop huet si sech 1996 vum Prënz scheede gelooss an ass 1997 bei engem Autosaccident em d'Liewe komm. Firwat a wéi si d'Decisioun geholl huet, fir vum Kinnekshaus fort ze kommen an hiert eegent Liewen ze liewen, steet am Mëttelpunkt vum Film. Fir de chilenesche Regisseur Pablo Larraín wier dat immens interessant,

De Regisseur huet schonn 2016 ee biographesche Film gedréint, an zwar "Jackie", deen d'Geschicht vum Jackie Onassis an dem US-President John F. Kennedy zielt. D'Dréibuch kënnt vum Steven Knight, dee bekannt ass fir Serien, ënner anerem "Peaky Blinders" an "Taboo". D'Produktioun vum Film soll Ufank 2021 ugoen.