An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Iechternach huet d'“Lovers of the Universe a.s.b.l.“ an Zäit vun zwou Wochen de "Rise & Shine" op d'Bee gestallt.

Et war eng Première vun der ganz besonnescher Zort: no méintelaangem Corona-Lockdown hunn e Samschdeg den Owend fir d'éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg nees Museker live dobausse virum Public gespillt.

Am Nu waren d'Tickete fir de "Rise & Shine" ausverkaaft. Ëm déi 300 Leit hate sech am Viraus ugemellt, fir d'Operstéiung vum Phoenix vun der Kultur live matzëerliewen.

U ronn 100 Dëscher, mat jeeweils 2 Meter Distanz vuneneen, hunn d'Leit misse Plaz huelen, fir de Programm vum Owend genéissen ze kënnen. D'Lovers of the Universe hate sech all Méi ginn, fir dem Public ënnert deene néidege Sécherheetsmoossnamen déi beschtméiglech Experienz ze bidden.

D'Éier fir ganz offiziell deen éischte Schrëtt zeréck an e liewegt Kulturliewen ze maachen, haten d'Indie-Band "Seed to Tree" an déi zwee Jazz-Museker Benoit Martiny a Michel Pilz. D'Virfreed, fir endlech nees op enger Bün kënnen ze stoen, war natierlech grouss.

Et wäert wuel nach eng Zäitchen daueren, bis een d'Danzbeen nees onbeschwéiert schwénge kann, ma de Public huet sech och am Sëtze vun der Live-Musek maträisse gelooss.

Wann och mat Aschränkungen, et gëtt also och fir d'Live-Kultur endlech Liicht um Horizont.