Shakira, Coldplay an och den Justin Bieber wäerten e Samschdeg bei engem Concert am Kader vun enger Online-Donnateurskonferenz vun der EU optrieden.

Dat huet d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen e Méindeg annoncéiert. Bei där Konferenz solle Spende gesammelt ginn, fir d'Lutte géint de Coronavirus ze finanzéieren. An Däitschland iwwerdréit d'Chaîne ARD de Concert, deen een awer och op der Facebook-Säit oder dem Youtube-Kanal vun der EU-Kommissioun ka suivéieren.

Beim Spende-Sommet solle samschdes Mëttes scho Politiker, Kënschtler an Aktivisten aus der ganzer Welt debattéieren an Interviewe ginn, heescht et vun der Kommissioun. Ënnert anerem den US-Popstar Miley Cirus an d'Fra vum Microsoft-Grënner Bill Gates, Melinda Gates, solle Rieden halen.

Mat enger éischter Donnateurskonferenz am Mee hat d'EU scho méi wéi 10 Milliarden Euro gesammelt. Dat Geld koum virop vu Staaten an Organisatiounen, wéi der Bill and Melinda Gates Foundatioun.

Dës Kéier sollen och Entreprisen, Bierger an ebe bekannte Perséinlechkeeten d'Geleeënheet kréien, sech z'engagéieren.