Uganks Mee hunn ënner anerem Disney, Pixar, Marvel, Star Wars, National Geographic an d'Simpsons annoncéiert zu Lëtzebuerg accessibel ze ginn.

Elo gouf och den Datum reveléiert, vu wéini un een Disney+ kann hei am Land genéissen. De 15. September ass deemno den offiziellen Datum vum Lancement an dat fir en Tarif vun 6,99 Euro de Mount oder 69,99 Euro d'Joer.

An Däitschland, Spuenien oder Italien ass de Streaming-Déngscht schonn am Mäerz gestart, vill aner europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, kommen réischt vu September un an de Genoss. Ob de Service iwwert e Partner leeft, wéi an Däitschland Telekom oder a Frankräich Canal+, ass am Moment nach net gewosst.