Covid-19 bedéngt, huet d'kathoulesch Kierch dëst Joer op den traditionellen Te Deum an der Kathedral verzicht.

Am Süde vum Land zu Péiteng gouf sech awer, duerch d'Ëmstänn bedéngt, eng ganz originell Iddi afale gelooss: En Drive-In Te Deum um Site vum CARena, do wou e Méindeg den Owend nach den Däitsche Pop Sänger Tim Bendzko opgetrueden ass a wou den Owend schonn nees e Film am Autokino leeft.

D'Initiative koum vun de Gemengenautoritéiten. Am Ufank, éischter skeptesch, huet de Generalvikar Patrick Muller um Enn, vun "enger gelongener Saach" geschwat.

De Patrick Muller, Generalvikar

Eng 150 Leit waren en Dënschdeg de Moien op dësem wuel eemolege Rendez-vous. Nach ni gouf et bis elo en Te Deum, bei deem um Enn vun enger Begréissung, respektiv enger Priedegt, spontan getut gouf. Zum Schluss vum Te Deum goufen d'Gefierer geseent.