Wéinst der Corona-Pandemie huet dat beléifte Festival um Nürburgring dëst Joer missen annuléiert ginn.

Wärend Wochen hunn d'Organisateuren no Optioune fir déi verkaaften Tickete gesicht. Bis den 30. Juni kënne Festival-Frënn hir Ticketen ëmtauschen. Dës bleiwe fir déi 36. Editioun nächst Joer gëlteg. Wie sech fir de sougenannten "Ticket-Swap" entscheet, gëtt mat engem Rock-am-Ring-Package belount: dozou gehéiert e Jubiläum-Basecap, e Bong fir 4 Méint gratis Musek op Deezer ze streamen an en EMP-Online-Bong.

Ëmtausche kann ee säi Billjee nach bis Enn des Mounts. En Dënschdeg koum dunn och eng Nouvelle, op déi vill Leit gewaart hunn, déi 2021 net kënne mat dobäi sinn. Vum 15. Juli u start d'Phas vun de Remboursementer. Méi Informatiounen iwwert béid Virgäng fënnt een um offizielle Site.

Nieft den Headliner Volbeat, Green Day a System Of A Down gouf eng weider Band-Well annoncéiert. Fir gutt Stëmmung wäerten nächst Joer ënnert anerem Billy Talent, Broilers, Korn, Deftones, Fall Out Boy, The Offspring, Rea Garvey, Airbourne, Weezer, Bilderbuch, NF, Alan Walker, Powerwolf, Trettmann, Royal Republic, The Distillers an SSIO suergen.