De Sall war voll beim éischte Concert nom Lockdown. Spectateure waren awer keng am Raum, mä Planzen.

Den 22. Juni gouf den éischte Concert nom Lockdown ënnert ganz besonneschen Ëmstänn an der Oper zu Barcelona organiséiert. Aus Sécherheetsgrënn duerfe keng Mënschen am Publikum sëtzen, dowéinst huet ee ganzer 2.292 Planzen am Gran Teatre del Liceu verdeelt.

Gespillt huet dem Giacomo Puccinis säi Quartett d'Museksstéck "Crisantemi", Applaus gouf et deen Owend net. Et war net just e gudden Training fir déi 4 Artisten, mä gläichzäiteg en Appell fir méi Ëmweltbewosstsinn. Wéi de Kënschtler Eugenio Ampudia der spuenescher Televisioun géintiwwer sot, wéilt hien d'Leit animéieren, besser op d'Natur an d'Planzen opzepassen.