Dëst Joer gouf Nationalfeierdag op eng bësse méi aussergewéinlech Aart a Weis gefeiert. Vill Festivitéiten hu jo net stattfonnt.

Jiddereen huet dëst Joer Nationalfeierdag wuel op seng Aart a weis gefeiert, anerer fir d'éischt als richtege Lëtzebuerger. Esou ass am OPL e Bléiser-Quintett, wou se alle 5 elo Lëtzebuerger gi sinn an deen Dag als ganz speziell empfannen. A wann dann nach zu dësem Ulass extra e Stéck komponéiert gëtt, ass dat mat vill Emotioune verbonnen.

Zanter Jore feiert ganz Lëtzebuerg den 23. Juni dem Grand-Duc säi Gebuertsdag. Nationalfeierdag ass eng Opportunitéit eis Geschicht ze feieren, wei och den Houfert Lëtzebuerger dierfen ze sinn. Dësen Houfert gëtt och vu méi rezente Lëtzebuerger gedeelt. Den David Pike, en Bariton-Operesänger, an d’Bléiser-Quintett sinn deel dovun. Zanter laangem liewe si hei zu Lëtzebuerg an eréischt zanter Kuerzem si si Lëtzebuerg ginn.

De Bléiser-Quintett ass komposéiert vum Heather Madeira Ni an dem David Hall op der Trompett, Kristina a Kerry Mascher-Turner um Cor an de Leon Ni um Euphonium. All sinn se Deel vum OPL an hunn zënter Kuerzem déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

An dëser Formatioun gouf "Ons Heemescht" nach net gespillt an de Kerry Turner war deen, deen d’Stéck arrangéiert huet.

No 2 Méint Confinement huet d’Quintett sech rëm missen aspillen, virun allem well se dëst Arrangement vun der Nationalhymn fir d’éischt zesumme spillen, mä no enger kuerzer Prouf war dat awer kee Problem fir d’OPL-Spiller.

Dëst Joer hu mir Nationalfeierdag op eng bësse méi aussergewéinlech Aart a Weis gefeiert. D’Feierwierk, den 'Te Deum' an der Stater Kathedral an aner Festivitéiten hu jo net stattfonnt. Als Trouscht krute mer déi 21 Kanoune-Schëss ze héieren an esou konnt jiddereen , esou ewéi den den David an d’ Bléiser Quintett, op seng Aart a Weis de Lëtzebuerger Nationalfeierdag feieren.