D’Romaine ass e reegelrecht Unikat. Si bedreift am klengsten Duerf aus dem Land e Bistro.

An huet aus dem fréiere Schwäistall eng multikulturell Oase gezaubert. Zu Randschelt bréngt d’Romaine frësche Wand mat, op eng friviol an exzentresch Manéier. Eng staark Fra, déi mat den Duerftraditioune gebrach huet an hiren eegene Kapp duerchgesat huet an domat vollen Erfolleg huet.

Mat hirem Bistro huet si dat klengsten Duerf aus dem Land reegelrecht verwandelt. Dat ass den Titel vum neisten Episod aus der routwäissgro Doku-Serie, an där dës Kéier d’Romaine eben d’Haaptroll huet. Eng Episod, an där ee si kenneléiert an hirer Roll als Businessfra, Entertainerin, ma awer och déi Säiten, déi hir Clientèle vläicht net vun hir kennt. Den Documentaire, realiséiert vum Charlotte Bruneau, kënnt Dir dëse Sonndeg um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg kucken.