Den nächste Rendezvous vum KUK steet scho fest. D’Grande-Duchesse liest e Sonndeg aus der Maus Kätti.

D’Kultur war op Null erofgefuer, wéi de Lockdown koum. Opféierunge mat Publikum  waren net méi méiglech. Aus der Nout goufe Projete gebuer, déi probéiert hunn de Leit Kultur heemzeliwweren an domadder de Kënschtler d’Méiglechkeet ze ginn, aktiv a present ze bleiwen, wann och digital. Op dësen Erfarunge baséiert d’Iddi vun engem Kulturkanal, deen op Nationalfeierdag lancéiert gouf.

Nach virun Deeg war den Auditoire vun der Villa Louvigny d’Häerzstéck vun der Krisen-Cellule vun der COVID-Pandemie. An dësem renomméierte Concertssall ass de Projet Kulturkanal fir Lëtzebuerg souzesoe gebuer. E baséiert op den Erfarungswäerter vun den Online-Initiativen, wéi Live aus der Stuff. Den Internet als Kultur-Plattform ze notzen, soll awer iwwert en einfache Streaming erausgoen.

Den Ament ass een nach an engem intensive Léierprozess an deem den Echange wichteg ass: Kënschtler programméiere Kënschtler, verschidde Konschtforme begéine sech, Konzepter entstinn. Et gëtt ausprobéiert an diskutéiert, och am Austausch mam Publikum.

Deen éischte Projet vum KUK – war de Programm „Aus der Heemecht“ vu Georges Urwald a Serge Tonnar, deen hätt sollen am Mee am Kapuzinertheater opgefouert ginn.

„Aus der Heemecht“ ass eng Selektioun vun ale Lëtzebuerger Klassiker aus dem 19. Joerhonnert.

De Kuk gëtt vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt.

Den nächste Rendezvous vum KUK steet scho fest. D’Grande-Duchesse liest e Sonndeg aus der Maus Kätti.