Weltstaren, grouss Solisten, bekannten Dirigenten an aussergewéinlech Orchestere konnt een déi lescht Joren op der Bün kucken, lauschteren a bewonneren.

D'Salle de concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ass mat senge ronn 1.900 Plazen dat gréisste Concerts-Gebai zu Lëtzebuerg. Se gouf vum franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf an no der verstuerwener Fra vum Grand-Duc Jean benannt. Bis haut konnt d'Philharmonie iwwer 2 Millioune Visiteure ëmfänken.

Och wann de "Fräiraim Festival" dëse Weekend, am Kader vum 15. Gebuertsdag, huet missen annuléiert ginn, wollten d'Organisateuren awer net komplett op Feierlechkeete verzichten. A Präsens vun der Kulturministesch Sam Tanson huet den OPL, ënnert der Direktioun vum Gustavo Gimeno, dësen Anniversaire mat e puer ausgewielten Invitéen an engem méi klenge Kader gefeiert.

Et war deemno net just e Gebuertsdag, dee gefeiert gouf, mä mam Deconfinement och, dass endlech nees Evenementer organiséiert kënne ginn. Bis zur Summerpaus sinn 3 Concerte geplangt, wann och mat reduzéierter Visiteurszuel.

  • 2. Juli: Alena Baeva / Vadym Kholodenko
  • 9. Juli: OPL mit Gustavo Gimeno
  • 16. Juli: Francesco Tristano

D'Tickete kënne just nach am Viraus per E-Mail op tickets@philharmonie.lu oder per Telefon um 26 32 26 32 bestallt ginn.