Tëscht dem 24. August an dem 6. September gëtt e Kënschtler-Spektakel zu Stadbriedemes organiséiert.

D'Castinglux a.s.b.l ass op der Sich no Kënschtler, déi motivéiert sinn, beim "KulTour-Bus" matzemaachen. Dëst an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stadbriedemes. Ënnerstëtzt gëtt d'Evenement vum Lëtzebuerger Kulturministère.

Wat gëtt gesicht?

Kënschtler aus de Beräicher Theater, Danz, Gesang oder Performance (Lektüre, Zirkus...).

Wien dierf matmaachen?

"KulTour-Bus" riicht sech un Artisten, déi schonn Erfarung hunn an net laang virum Optrëtt  prouwe mussen. Am Kader vun engem Open-Air gëtt d'Show viru Public opgefouert. De Projet ass fir Kënschtler geduecht, deenen hir Aarbecht zanter dem Confinement huet missen op Äis geluecht ginn.

Méi iwwert d'Show

Et ass mat enger Dauer vun ongeféier 1 Stonn ze rechnen. De Sprooche ginn hei keng Grenze gesat: nieft Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch dierf een och vu Portugisesch oder anere Sprooche Gebrauch maachen. Maximum 4 bis 5 Leit dierfen op der Bün stoen. D'Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen, déi vun der Regierung vum 24. August 2020 u virgeschriwwen, respektiv recommandéiert ginn, sinn anzehalen.