De 25. September kënnt de weltbekannten Album "Sign O' the Times" an engem neie Format eraus.

Op de Maart koum den Album eng éischte Kéier am Joer 1987. Museksfrënn dierfe sech elo op eng nei Versioun dovu freeën. The Prince Estate, déi sech ëm d'Iewe vum Museker këmmeren, deen 2016 gestuerwen ass, hu sech mat Warner Records zesummegedoen, fir dëse speziellen Album op d'Been ze stellen.

Déi gréissten Iwwerraschung dierft sinn, dass 63 Lidder an dëser Super-Deluxe-Editioun dra sinn, déi nach ni virdru gespillt oder verëffentlecht goufen. D'Songs stamen alleguerten aus de Joren 1979 bis 1987. De Contenu vun dëser Nei-Oplag léisst sech weisen: 13 Platten an 8 CDe mat insgesamt 92 Lidder, Concertszeenen, berüümten Optrëtter an Zesummenaarbechte mat anere Kënschtler. Net nëmme fir d'Oueren, mä och fir d'Aen ass an dëser Box eppes dobäi. Nieft engem Buch, an deem Liddertexter, déi per Hand geschriwwe goufen, Notizzen a Fotoen aus den 80er Joren ze fanne sinn, ass och eng DVD am Präis mat dran. Gewise gëtt de Silvester-Concert am Paisley Park, den 31. Dezember 1987, deen de leschten Optrëtt vum Prince am Kader vu senger "Sign O' the Times"-Tour war.