Den Designer vum weltberühmten "I love New York" Logo ass verscheet.

De Milton Glaser ass e Freideg op sengem 91. Gebuertsdag zu Manhattan gestuerwen. Dat schreift d'New York Times a berifft sech op dem Glaser seng Fra.

Den US-Graphikdesigner, Illustrateur an Typograph Milton Glaser war ënnert anerem Matgrënner vum New York Magazine. Hien huet d'visuell Kultur an den USA an de 60er a 70er komplett changéiert mat sengem extrem faarwegen an extrovertéierte Pousteren, Zäitschrëften oder Buch Coveren.

1977 huet hie fir eng Campagne vum Bundesstaat New York, déi den Tourismus sollt promouvéieren den “I ♥ NY” Logo entworf, dee praktesch direkt zum engem Symbol vun der Stad gouf.

De Milton Glaser gouf 1929 am New-Yorker Bronx gebuer an huet zu engem vun de bekanntsten Designer gezielt.

2009 krut hien d'National Medal of Arts, déi wuel bedeitendst Konschtauszeechnung vun der US-Regierung.