D'Margot Robbie soll an engem neie Pirate-Film vun Disney d'Haaptroll spillen.

Geplangt ass eng Verfilmung am Genre vu "Pirates of the caribbean". Déi 29 Joer al australesch Actrice huet ënnert anerem och bei „I, Tonya", „Suicide Squad", „Bombshell" a „Once Upon a Time in Hollywood" matgespillt.

Wéi et heescht, soll dës Produktioun awer kee "Spin-off" vun der beléifter Film-Serie ginn, mä eng nei Geschicht mat ganz anere Figuren. Inspiréiert gouf sech un enger Piraten-Attraktioun am Disneyland.

Ob dëse Film genau sou een Erfolleg gëtt wéi d'Pirate-Serie mam Johnny Depp, wäert sech weisen. "Pirates of the caribbean" huet weltwäit iwwer 4,5 Milliarden Dollar agespillt an zielt zu de lukratiivste Filmreie vun allen Zäiten. Just déi 5. Folleg hat kee Succès an de Kinoen uechter d'Welt. "Dead Men Tell No Tales" huet nëmme 795 Milliounen US-Dollar agespillt.