Wéinst der Corona-Kris wäerten d'Theateren zu New York dëst Joer hir Dieren net méi opmaachen.

D'Sécherheet vun de Kënschtler a vum Public wier déi héchste Prioritéit, huet d'Vereenegung The Broadway League matgedeelt. De Moment rechent een domat, d'nächst Joer erëm dierfen opzemaachen, e konkreten Datum ass allerdéngs net genannt ginn.

Den 12. Mäerz hunn d'Theatere vum Broadway wéinst der Pandemie missen zoumaachen. Dee Moment sinn 31 Stécker um Broadway gelaf, 8 Stéck waren a Preparatioun.

D'finanziell Verloschter sinn enorm. Am Normalfall ginn duerch de Verkaf vun Ticketen iwwer 30 Milliounen Dollar pro Woch gemaach.