En Triptychon vum brittesche Moler Francis Bacon gouf fir ëmgerechent 75,2 Milliounen Euro versteet.

D'Bild "Masterpiece of Tragic Grandeur", dat aus dräi Deeler besteet, huet e Méindeg bei der Fréijoersstee am New Yorker Auktiounshaus Sotheby's säi Besëtzer gewiesselt. D'Stee war Corona-bedéngt eng éischte Kéier via Internet.

D'Wierk vum Bacon gehéiert zu den 28 groussformategen Triptychons, déi de verstuerwene Kënschtler an der Zäit tëscht 1962 an 1991 gemoolt huet. Eent dovunner war 2013 bei Christie's fir 142,4 Milliounen Dollar versteet ginn an zielt zu den deierste Konschtwierker, déi jee versteet goufen.

Dem Francis Bacon säi Wierk, dat e Méindeg versteet gouf, huet bis ewell engem norwegesche Konschtsammler gehéiert a geet elo an d'Hänn vun engem anonymme Keefer.

Et war déi éischt Stee vun esou enger Zomm, déi ouni Public war. Alles an allem huet se 363,2 Milliounen Dollar abruecht. Normalerweis bréngt eng Sotheby's Fréijoersstee allerdéngs e puer Milliarden Dollar eran.

D'Auktiounshaus Chrisite's huet hir Fréijoersstee fir modern Konscht wéinst der Corona-Pandemie op den 10. Juli verréckelt.