D'US-Filmakademie, déi decidéiert wien en Oscar kritt, wëll méi divers ginn, andeems se méi Fraen a Minoritéiten opgeholl ginn.

Méi Fraen a méi Representante vu Minoritéite wéi bis ewell kruten eng Invitatioun fir Member vun der US-Filmakademie ze ginn. Vun den iwwer 9.000 Membere goufen 810 neier invitéiert.

D'Majoritéit vun den neien Akademie-Membere wiere Fraen an iwwert d'Hallschent gehéieren dem Gremium no zu "ënnerrepresentéierten" ethnesche Gruppen.

D'Oscare sti schonn eng Zäit laang an der Kritik ze wäiss an ze männlech ze sinn.

An de leschte Jore goufen et eng Partie Unzeechen, datt versicht gouf méi Diversitéit eranzebréngen. Wärend 2015 nëmmen 8% vun de Memberen "People of Color" waren, louch den Undeel 2018 bei 16%.