De Filmfestival fir dëst Joer ass u sech eriwwer, ma eng ganz Rei Filmer, déi net konnte gewise ginn, komme lo am Kader vum LuxFilmLab an de Kino.

01/07/2020 LuxFilmLab

Vum 5. bis de 15. Mäerz wier dëst Joer offiziell de LuxFilmFest gewiescht. Ma wéinst dem Coronavirus hu missen all d'Virstellunge kuerzfristeg nom 12. Mäerz ofgesot ginn. Vill duercherneen an Onsécherheet gouf et duerno beim Team vum Festival, ma séier hu si eng Léisung fonnt fir de Leit de Filmfestival och heemzebréngen. Ënnert dem Numm LuxFilmFest – Home Edition hunn si eng sëlleche Filmer online ugebueden, esou wéi Q&A's mat Produzenten a Regisseuren. Dat Ganzt ass dunn souguer bis den 18. Juni gelaf. Elo schaffen si um Programm fir dat nächst Joer (4.03. - 14.03.2021), ma sou ganz hunn si och nach net mat dësem Joer ofgeschloss. Eng ganz Rei Filmer, déi net um Fimfestival gewise goufen, weisen si lo an Zesummenaarbecht mam Kinepolis am Kader vum Projet LuxFilmLab.

© Ben King

Den Optakt fir de Projet LuxFilmLab, deen eng gemeinsam Initiativ vum Luxembourg City Film Festival an dem Kinepolis ass, war de Film True History of the Kelly Gang vum Justin Kurzel, en Drama, deen um Roman mam selwechten Numm, vum Peter Cary inspiréiert ass. En erzielt d'Geschicht vum wuel bekanntsten Australesche Bandit Ned Kelly, deen zesumme mat senger Gang Widderstand géint d'Kolonialautoritéite geleescht huet.

De Film sollt u sech als Ofschlossfilm vun der 10ter Editioun vum Luxembourg City Film Festival gewise ginn. De But vum LuxFilmLab ass et awer, Wierker ze ënnerstëtzen, déi opgrond vum Zäitpunkt vun hirer Publikatioun net um Festival konnte gewise ginn, obschonns se wéinst hirer kënschtlerescher Qualitéit ganz bestëmmt an déi offiziell Auswiel komm wieren.

Ëmmer den éischte Mëttwoch am Mount, weisen si en neie Film. D'Sessiounen sinn ëmmer am Ciné Utopia um Lampertsbierg a virun all Seance gëtt jeeweils ee Member vum kënschtleresche Kommitee eng kleng Aféierung a setzt de Film an de Kontext.
Wichteg ass et hinnen natierlech och dass d'Filmer héich qualitativ sinn an engem grousse Public zousoen, fir esou erëm méiglechst vill Leit an de Kino ze kréien.

© Ben King

Wéi ee Film nächste Mount gewise gëtt, steet nach net fest. D'Team ass awer andauernd beméit interessant Wierker erauszesichen.
Fir hir Virfreed iwwer de Come-Back vum Kino am Kinossall ze weisen, hunn si d'Seancen ënnert de Motto Come as you are, dress up if you like gesat.