Auto-Kino oder Concert: den Auto ass den Ament déi confortabelste Plaz, fir an de Genoss vu kulturellen Events ze kommen.

Mat enger Drive-in-Pressekonferenz hunn d'Rotonden déi Iddi opgegraff an op eng humorvoll Manéier ëmgesat. Mat engem Signal, wéi d'Pharen umaachen, d'Musek opdréinen oder d'Dier op- an zoumaachen, konnt een op sech opmierksam maachen, fir de gewënschten Interviewpartner ze kréien. Eemol tuten an den Direkter Steph Meyers erkläert, wéi een eng Saison a Covid-Zäiten organiséiert.

D'Contraintë mat deenen den Ament muss geschafft ginn, bréngen dann awer och nei Iwwerleeungen an Iddie mat sech. Sou och fir de Congé annulé, e Concert-Event, dee si all Joer organiséieren an deen iwwert de ganze Mount August leeft.

Marc Hauser, Rotondes: „Den Ecran ass net ronn", mat dësem Saz vermëttelt de Marc Scozzai, datt et elo erëm un der Zäit ass, zeréck an d'Rotonden ze kommen.

Ob Theater, Musek oder Konscht: d'Saison 20/21 versprécht erëm eng grouss Diversitéit fir Grouss a Kleng. Kreativ a flexibel ass d'Ekipp vun de Rotonden op alle Fall, fir sech och an Zukunft de verschiddenste Situatiounen unzepassen.