Mir hunn eng Lëscht vu Filmer zesummegestallt, bei deenen déi meeschte Leit op mannst wässreg Ae kréien. Opgepasst: Spoilere sinn hei natierlech sécher.

Dës Lëscht ass natierlech egal wéi eng reng subjektiv Lëscht, mir sinn eis duerchaus bewosst, dass hei och aner Filmer kéinten drastoen, respektiv d'Placéierungen anescht kéinten ausfalen.

Der Club der toten Dichter

E Klassiker mam Robin Williams an eng Schlusszeen, déi deene meeschte Leit nach laang a gutt an Erënnerung bleift. "O Captain, my Captain!"

The Lion King

Disney huet net nach ëmmer beherrscht, d'Leit zum kräischen ze bréngen an de Filmer. Ma dëse Film dierft wuel déi meeschte Leit getraff hunn. Bis haut huet dës Film-Zeen näischt vu senger Wierkung verluer.

Requiem For A Dream

E Meeschterwierk vum Darren Arronofski, dee spéider och Filmer wéi Black Swan, The Fountain a Mother! gemaach huet. Allerdéngs ass hei, anescht wéi beim Club der toten Dichter, d'Zeen eng traureg an hoffnungslos. E Film bei deem ee staark Nerve muss hunn.

The Green Mile

Souwuel Green Mile, wéi The Shawshank Redemption si béid Filmer iwwert e Prisong, alle béid geschriwwe vum Stephen King a gedréit vum Frank Darabont. Zeen wou den John Coffey op den elektresche Stull geet, gehéiert ouni Zweiwel zu den trauregsten Zeenen an der Filmgeschicht.

Toy Story 3

Wien Fan vun de Filmer ass, vun Ufank un dobäi ass, deen deet sech schwéier, wéi den Andy seng Spillsaachen ofgëtt...

Good Will Hunting

Nees e Film mam Robin Williams an enger Nieweroll, fir déi en och 1997 den Oskar kritt huet. Och de Matt Damon an de Ben Affleck goufen fir hir Roll an dësem Film ausgezeechent. En absolutte Film-Klassiker, deen ee sollt gesinn hunn.

Up

Hei ass et, anescht wéi bei ville Filmer an der Lëscht, net onbedéngt d'Schlusszeen, mä virun allem d'Ufankszeen vum Film. Hei fänkt een also schonn u mat kräischen, iert de Film iwwerhaapt richteg u geet, wat een och mol muss fäerdeg bréngen.

Interstellar

E geniale Film mat enger genialer schauspillerescher Leeschtung vun alle Schauspiller. Obwuel d'Zeen mëttlerweil zu engem Meme ginn ass, bleift et trotzdeem en extrem gudde Film mat enger extrem emotionaler Performance vum Matthew Mcconaughey. De Soundtrack ronnt dat Ganzt of... E "Must see"!

Forrest Gump

Ween bei dëser Zeen net op mannst kuerz Schlécke muss, kräischt héchstwarscheinlech ni méi a sengem Liewen. Eng vun de wuel trauregste Momenter an der Filmgeschicht. Dëse Film ass vu vir bis hannen e Meeschterwierk mam Tom Hanks an d'Schlusszeen ass déi onfaassbar traureg an emouvant Kiischt um Kuch.

About Schmidt

Op der Nummer 1: About Schmidt, dat virun allem, well et en onbekannte Film, mat am verglach wéineg Budget ass, deen awer mat senger Schlusszeen eng enorm Wierkung huet. De Film bréngt et fäerdeg, e witzegen ma extrem pessimisteschen an traurege Film mat nëmmen enger eenzeger Schlusszeen op enger ganz anerer Nout op en Enn ze bréngen. D'schauspilleresch Leeschtung vum Jack Nicholson ass speziell an dësem Film brilliant a garantéiert, dass d'Nuesschnappecher mussen erausgeholl ginn. Wien dëse Film verpasst huet, et lount sech dat nozehuelen.