No laanger Paus ass e Sonndeg den éischte Spektakel am Deconfinement am Escher Theater: "Ombres électriques". Et ass un ee jonke Publikum geriicht.

D'Opféierung e Sonndeg, de 5. Juli, um 11 Auer ass virop fir Kanner vu 4 bis 7 Joer. Ouni Stëmmen, mee mat ville Beweegungen a Luuchte kann ee mat der däitscher Compagnie florschütz & döhnert an eng aner Welt andauchen. Vum 6. bis den 8. Juli ginn am Ganze 6 Representatioune fir Schoulklassen organiséiert.

Den 2. Spektakel ass de Concert "Ma barque vagabonde" mat den Artiste Sascha Ley a Véronique Nosbaum, den 14. Juli um 20 Auer.

Bei béiden Opféierunge muss sech natierlech un d'sanitär Reegele vum Deconfinement gehale ginn. Déi kann een um Internetsite vum Theater noliesen.