Am Duerchschnëtt maachen d'Kulturhaiser bis zu 85% Perte duerch d'sanitär Mesuren. Am Confinement hunn och si hir Diere missen zoumaachen.

Reportage Kulturhaiser Claudia Kollwelter
Eng schwéier Zäit fir d'Kulturhaiser
Am Duerchschnëtt maachen d'Kulturhaiser bis zu 85% Perte duerch d'sanitär Mesuren. Am Confinement hunn och si hir Diere missen zoumaachen.

D'Aalt Stadhaus vun Déifferdeng ass neie Member vum Reseau vun de regionale Kulturhaiser zu Lëtzebuerg. Den 10. Member gouf gëscht op enger gemeinsamer Pressekonferenz annoncéiert, bei deem natierlech och déi aktuell Kris en Thema war.

Alles war ofgesot ginn, wat fir d'Kulturhaiser an awer och fir d'Kënschtler eng komplett nei Situatioun war. Bannent dem Reseau vun de regionale Kulturhaiser ass sech ausgetosch gi fir no Léisungen ze sichen erkläert den Direkter vum Kinneksbond Mamer de Jérôme Konen:

An dono mat de Léisungsvirschléi déi mir haten, a mat de Constaten déi mir um Terrain gemaach hunn si mer un de Kulturministère getruede wou mer glécklecherweis op en oppent Ouer getraff sinn an et och e reegelméissege ganz produktiven Austausch war. 

Déi meescht Haiser fänken hire Programm am September un. Ma déi grouss Prioritéit wier gewiescht, datt d'Kënschtler d'Krisenzäit iwwersti, seet de Jérôme Konen. D'Hëllefen, déi de Kulturministère en Place gesat huet, wieren do ganz wichteg. Hien hofft, datt am Hierscht fir den Optakt vun der neier Saison d'sanitär Mesuren et erlabe fir erëm méi normal ze funktionéieren. Et wier een op alle Fall motivéiert, seet och de President vum Reseau an Direkter vum CAPE Carl Adalsteinsson:

Mir wëlle schaffen, mir wëllen eis Dieren opmaachen, mir wëllen de Kënschtler an och dem Publikum eng Perspektiv ginn. Ech mengen, dat ass dat wichtegst elo an dësen Zäite vu sanitäre Krisen. Wie weess, wéi eng Krisen nach nokommen. Mir mussen hinnen eng Perspektiv ginn. A mir wëllen och einfach schaffen, an net-programméieren ass keng Optioun fir eis.

Mam ale Stadhaus zu Déifferdeng zielt de Reseau deemno elo 10 Memberen. Gewësse Krittäre muss een dofir erfëllen:

't muss een, wann een eng ASBL huet, déi d'Gestioun vum Haus huet, eng Konventioun mat senger Gemeng hunn - oder 't ass een e Gemengeservice - an eng Konventioun mam Kulturministère. Dann awer och eng Programmatioun vun engem héijen Niveau, déi iwwert e ganzt Joer leeft an eng Ekipp, déi sech ëm dat Haus këmmert. 

All Haus hätt säi Programm a seng Infrastruktur, betount de President vum Reseau. Et wier enorm, wéi eng Offer a Qualitéit d'Leit aus den ënnerschiddleche Regiounen am Land gebuede kréien.