En Donneschden ass de Schauspiller Tilo Prückner gestuerwen, huet seng Famill an engem Schreiwes matgedeelt.

Hie war a senger Karriär a munche Kinosproduktiounen ze gesinn, sou wéi am Theater. Tëscht 2001 an 2008 war hie bekannt ginn duerch seng Roll als Kommissar Holicek an der ARD-Serie Tatort. Zanter 2003 war hien an der ZDF-Serie "Kommissarin Lucas" ze gesinn.