No 3 an engem hallwe Mount Fermeture huet de Musée du Louvre e Méinden um 9 Auer seng Dieren erëm opgemaach.

Zanter dem 2. Weltkrich war de Louvre net méi esou laang zou. De meescht besichte Musée op der Welt huet lo amplaz 30.000 Persounen an engem Dag elo just 7.000 Plazen zur Verfügung, all Plaz muss reservéiert ginn. 500 Leit kënnen all hallef Stonn an de Musée eran.

De Musée, dee 40 Milliounen Euro Verloscht gemaach huet wéinst der Corona-Kris, muss awer leider op seng gewinnte Visiteuren verzichten. Am Normalfall si 75 Prozent vun de Visiteuren non-Europäer, déi awer nach zur Zäit net kënnen a Frankräich areesen, soudass momentan just Europäer vum Musée profitéiere kënnen.