Mat der Corona-Kris erliewe mer eng Zäit, déi an d’Archiven agoe wäert.

Wéi dës Zäit soll conservéiert ginn, domat  beschäftege sech Historiker schonn haut.

Gläich en halleft Joer beschäftegt se eis: D’Corona-Kris. D’Pandemie huet d’Welt ëmmer nach am Grëff an et ass nach net ofzegesinn, wéini dat op en Enn komme wäert. Wat kloer ass: dës Zäit wäert och fir d’Zukunft Konsequenze mat sech bréngen a spéider Generatioune wäerten dëst Thema wuel als eent vu villen am Geschichtsunterrecht behandelen. Fir dass an den Archive vu muer net just offiziell Fotoen, Dokumenter a Statistiken ze fanne sinn, beschäftege sech Historiker an ënnerschiddleche Projeten domat, d’Realitéit vun haut ze conservéieren.

Am Lëtzebuerg City Museum huet een den Opruff gemaach, fir perséinlech Géigestänn ze sammelen, déi d’Corona-Zäit illustréieren. Eng 50 Proposë goufen eragereecht, wouvu 15 Objeten zréckbehale goufen an elo am Depot vum City-Musée conservéiert ginn.

Entscheedend war fir dës Decisioun manner den Objet selwer ewéi d’Geschicht, déi hannendru stécht, wéi de Conservateur Gilles Genot erkläert. Ob a wéini een dës Objete spéiderhin an enger Ausstellung wäert gesinn, ass awer nach ongewëss, dat kéint een eréischt mat engem gewësse Recul aschätzen.

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt dogéint un enger Ausstellung geschafft, der ee live beim Wuessen nokucke kann. Mat der Plattform www.covidmemory.lu verfollegt de C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) d’Zil, en digitaalt Archiv unzeleeën, an dem d’Erënnerungen, Reflexiounen a Gedanke vun de Lëtzebuerger an der Corona-Kris festgehale ginn.

Méi wéi 230 Bäiträg goufe mëttlerweil eroplueden, vun Texter iwwer Fotoen hin zu Videoen. Ergänzt soll d’Plattform spéiderhin och duerch Interviewe ginn, déi Fuerscher iwwert déi ganz Zäit mat Dokteren/Dokteschen an Infirmieren/Infirmièrë gefouert hunn, déi an den Hotspots geschafft hunn.