Fir de Mënschen no 2 Méint Lockdown e wéineg Ofwiesslung an Oflenkung ze bidden, goufen dës Events zu Mamer organiséiert. Mat vill Succès, wéi et schéngt.

Organiséiert gouf de Mamer Autokino vun der Gemeng Mamer, an Zesummenaarbecht mam Kinosbedreiwer Caramba, dat vum 14. Mee bis de 5. Juli 2020.

Et goufe souwuel Blockbuster, Kannerfilmer, wéi och eeler Film-Klassiker gewisen, dat op engem ronn 100 Quadratmeter groussen LED-Bildschierm, deen op engem Parking zu Capellen stoung.

54 Seancë goufen et, hei goufen am Ganze 4.332 Entréesbilljeeë verkaaft an och ageléist. Hei muss een dobäi soen, dass een Ticket fir een Auto gegëllt huet. Dat sinn am Schnëtt 80 Autoe pro Seance. Bei enger maximaler Auslaaschtung vun 120 Autoe pro Seance, schwätzen d'Organisateuren dohier vun engem exzeptionelle Succès.

D'Gesamtzuel u Visiteuren dierft awer op mannst duebel sou héich sinn, wéi Autoen do waren. Dat wann een dovunner ausgeet, dass an all Auto op mannst 2 Persoune souzen.

Live Konzerten

Live-Concerten am Kader vu Nationalfeierdag stoungen der an Ganze 4 un. Hei gouf de Sound, genee wéi bei de Filmer, iwwert en UKW-Sender iwwerdroen. Vum 20. - bis den 23. Juni sinn 20 Kënschtler opgetrueden.

Fir d'Concerts on Wheels goufen am ganzen 244 Tickete verkaaft, dat bei deels 5 Persoune pro Auto, well och hei ee Präis pro Auto gegëllt huet. Op der Plaz ware Foodtrucken, bei deenen ee per App bestelle konnt. Och dës Funktioun gouf extrem vill benotzt: am Schnëtt all 2. Visiteur.