De Maxime Bender ass zënter kuerzem neie Chef am Iechternacher Kulturzentrum Trifolion...

Eng duebel Erausfuerderung: neie Wand soll eran, an d’Virus-Zäite solle gemeeschtert ginn.

"Trifo Apéro" heescht d’Stéchwuert fir mol gemittlech unzefänken. Baussen op der Terrass, bannen am Hall, iwwerall léist sech relax der Musek nolauschteren, den Apéro genéissen, a souguer zesumme poteren. Iechternach huet nach ëmmer och vun Touriste gelieft, an déi muss ee fänken.

D’Irina Holzinger ass keen onbeschriwwent Blat an der Lëtzebuerger Musekszeen. Eng markant an awer melodiéis Stëmm fir gefillvoll Balladen ze sangen: dat passt. Mam Kim Mersch op der Gittar an dem Erny Sauber, Perkussioun, hat den Trio Irina d’Spectateuren op senger Säit.