80 Joer huet se um Bockel d'Uergel an der Kathedral. An anere Wieder, et gëtt héich Zäit fir eng Renovatioun.

Et wier sécherlech eng Revalorisatioun vun der Kathedral, sou de Bëschof.

Eng spezialiséiert Ekipp aus Éisträich ass zanter leschte Méindeg op der Plaz, fir d'Uergel auserneen ze bauen. All eenzel Päif muss opgemooss a dokumentéiert ginn. An dat geet net vun haut op muer, wann e weess, dass d'Uergelwierk am Ganzen aus ronn 7.000 Päife besteet. Dat sinn 21 Tonnen, déi per Hand mussen ofgebaut an oftransportéiert ginn, fir an Éisträich restauréiert ze ginn.

Een Uergelwierk ze renovéieren, ass e Joerhonnertprojet. Fir déi verschidden Téin vun der Uergel ze produzéieren, brauch et eng helle Wull u Päifen. An der Kathedral huet déi Längste ronn 10 Meter. Déi si fir déi déifst Téin an déi kleng fir déi niddreg Téin.

Bei dëser historescher Restauratioun wëlle vill Leit eng Hand mat upaken. 12 Benevoller komme reegelméisseg hëllefen. Dat si Sänger a Sängerinnen aus dem Chouer, bis hin zu den Studenten. Si wëlle gären e Bléck hannert d'Uergelwierk geheien. Dat géing een net all Dag gesinn.

D'Restauratiounsaarbechten daueren 18 Méint. 2,5 Milliounen Euro kascht dee Projet. Mat engem Don kann all eenzele Bierger sech un dëse Fraise bedeelegen. All eenzel Päif gëtt ausgewäsch, restauréiert an Schied ginn ausgebëlzt.

Iwwregens, eenzel Päifen vun dësem Uergelwierk stamen aus dem Joer 1881.

Jiddereen dee well kann sech un de Fraisen a Form vun engem Don bedeelegen. Weider Informatiounen dozou fënnt Dir op folgendem Site: