An engem Underground zu London huet de Banksy Biller gemoolt, wou d'Leit solle motivéiert ginn, hir Masken unzedinn.

Op de Biller ass sinn ënner anerem Raten z'erkennen, déi e Mondschutz unhunn oder ganz aner Saachen domadder ufänken. Op engem Video, deen an de soziale Medie gepost gëtt, gesäit een anscheinend de Banksy, wéi hie säi Konschtwierk erstellt. D'Passanten hunn hien awer net erkannt, well hie mat Schutzmask, Overall an Händschen ausgesäit, wéi en Aarbechter.

Als Kommentar ënnert sengem Bild huet de Street-Art-Kënschtler geschriwwen: "Wann s de keng Mask undees, dann hues du et net verstanen".

Nieft dësem Message maachen d'Biller awer och op den Dréck opmierksam, deen Leit maachen, wa si hir Masken einfach esou an d'Landschaft oder op de Buedem geheien.

View this post on Instagram

. . If you don’t mask - you don’t get.

A post shared by Banksy (@banksy) on