An der Corona-Pandemie ass et fir d'Filmbranche schwéier ze filmen. Et ginn awer och Artisten, déi am Lockdown ganz originell gedréint hunn.

An déi ware ganz kreativ an hu Projeten am a ronderëm de Lockdown verfilmt. Deels eleng oder mat der Famill, ouni extrat Material, just mam Smartphone, doheem oder op bal eidele Plazen. Wou grouss Produktiounshaiser wéi Disney d'Première vun hire Filmer verleeë mussen, hunn dës Artiste gewisen, datt een och mat wéineg Ressourcen, ma mat vill Kreativitéit Filmer dréine kann.

Netflix: Homemade

Op Netflix gouf den 30. Juni eng Serie vu Kuerzfilmer ënnert dem Numm "Homemade" verëffentlecht. Artisten, Realisateuren, Schauspiller an aner Leit aus der Filmbranche hu 17 Kuerzfilmer iwwert d'Pandemie an de Lockdown gedréint. Zesummegesat goufen d'Kuerzfilmer vum chilenesche Regisseur Pablo Larraìn, sengem Brudder Juan de Dios Larraìn an dem italienesche Produzent Lorenzo Mieli.

D'Iddie sinn nawell originell, well d'Kënschtler hate just hiert eegent Material zur Verfügung. Den italienesche Regisseur Paolo Sorrentino huet eng Libesgeschicht tëscht zwou Action-Figure gefilmt: déi eng de Poopst an déi aner d'Queen vun England. Si streiden driwwer, wat soll deen Owend op der Tëlee gekuckt ginn.

De Pablo Lorraìn selwer huet ee klenge Film gedréint, deen aus enger Videokonferenz besteet. Een ale Mann an engem Altersheim rifft bei seng Ex-Frëndin vu viru Joerzéngten un.

D'Schauspillerin Kristen Stewart spillt sech selwer a filmt sech, wéi si lues a lues am Lockdown geckeg gëtt a schlecht schléift. Anerer hunn Dronen, Spezialeffekter oder och hier Kanner als Schauspiller.

Ee ganze Filmdréi am Lockdown

Eng englesch Koppel, de Matthew an d'Tori Butler-Hart, hien ee Produzent a si eng Schauspillerin, hunn direkt ee ganze Film am Lockdown gedréint: "Infinitum: Subject Unknown". Si hu schonn un enger Iddi fir eng Science-Fiction Serie geschafft a konnte verschidde Saachen elo ëmsetzen.

D'Tori huet d'Haaptroll gespillt, de Matthew war Regisseur an huet mam Smartphone gefilmt. Et gouf bal alles an engem eidelen Haus gedréint, wou eng Fra an enger Parallelwelt erwächt. De berüümte Schauspiller Ian McKellen (deen de Gandalf bei Herr der Ringe gespillt huet) huet de Projet ënnerstëtzt an eng Zeen vum Film bei sech doheem opgeholl.

Op de soziale Medien

Och op YouTube oder op anere Videoplattformen, wéi Vimeo hu vill Kënschtler d'Quarantän genotzt, fir am klenge Kader kreativ ze schaffen. Wien do no "Lockdown-Filmer" sicht, dee fënnt der eng Partie.

Corona Short Film Festival

Ee Grupp vu Kënschtler huet souguer de "Corona Short Film Festival" an d'Liewe geruff, ouni Budget a Profit. Et sollt een Ustouss sinn, fir kreativ ze bleiwen a fir ze schaffen, trotz der Kris an dem Lockdown.