E Festival vun der Superlativen, dat ass definitiv den Tomorrowland. Dëst Joer leider net a senger gewinnter Form, mä digital, awer net manner spektakulär.

Och dee weltwäit gréissten Electro-Festival bleift vum Coronavirus net verschount. Déi gutt Noriicht: De Festival gëtt virtuell organiséiert, an dat mat engem Line-up, dee sech weise léisst.

Eng 60 Kënschtler, de "Who is Who" aus der Electro-Zeen, huet sech ugemellt. Dorënner Museksgréisste wéi Adam Beyer, Amelie Lens, Armin van Buuren, Charlotte de Witte, David Guetta, Dimitri Vegas & Like Mike, Kölsch, Lost Frequencies, Martin Garrix, Paul Kalkbrenner, Steve Aoki, Tale of Us, Tiësto an Timmy Trumpet..

Et ass jo antëscht och näischt Neies, dass vill Artiste Showen am Stream op de soziale Reseauen ubidden, mat Succès. Den "Tomorrowland Around The World - The Digital Festival" wäert dës Gigs allerdéngs am Ree stoe loossen.

Lass geet et e Samschdeg 25. Juli an de Festival dauert bis e Sonndeg 26. Juli, all kéiers vu 15 Auer bis 1 Auer.