De Matgrënner vun der Kultband Fleetwood Mac, de brittesche Rock- a Bluesgittarist Peter Geen, ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen.

E wier friddlech am Schlof gestuerwen, heescht et vun offizieller Säit vun der Famill e Samschdeg. De Peter Green hat zesumme mam Mick Fleetwood 1967 zu London d'Band Fleetwood Mac gegrënnt.

De Green zielt als ee vun de beschte brittesche Bluesgittaristen an de 60er Joren, huet d'Band awer schonn 1970 nees verlooss. De Museker hat laang Zäit mat psychesche Problemer ze kämpfen a war drogenofhängeg.

An den nächsten Deeg wéilt d'Famill nach emol Stellung bezéien.