Um Knuedler ginn den Ament eng Dose Fotoen ausgestallt, déi vun Doktere gemaach goufen.

Eng Dose Point de Vuen, eng Dose Biller: Wie virun de Fotoe steet, gëtt séier an eng aner Welt gezunn. „Clin d'oeil du médecin" heescht d'Ausstellung, déi op der Place Guillaume II ze fannen ass. Eppes huet all Foto gemeinsam: All Opnam gouf vun engem Dokter geholl. 7 Spezialisten aus dem CHL deelen hir Vue vun der Welt mam Public.

Et ass d'Flucht aus dem Alldag, mat enger Prezisioun, déi ee soss aus hirem Beruff kennt. De Medezinner, sou wéi de Fotograf beherrscht säin Ekipement, ma ni säi Sujet.

E puer Schrëtt vun Doheem eraus op de Feldwee, de Chantier um Wee op d'Aarbecht oder de Besuch am Traditiounskino op der anerer Säit vun der Welt. Et ass e Katapult an eng Welt, wou zoue Grenze kaum virstellbar waren. Erënnerunge wakereg ginn oder d'Motivatioun, fir Neies ze erfuerschen, wakereg mécht.

D'Expo um Knuedler ass e klengen Hommage vun der Stad Lëtzebuerg un d'Aarbecht, déi wärend de leschte Wochen a Méint am Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg geleescht gouf. D'Expositioun bleift bis Ufank August.

Weider Informatiounen iwwert d'Ausstellung fannt Dir hei.