Ganz nei Musek aus Lëtzebuerg gëtt et vun engem jonken DJ deen sech “Samwell” nennt. Viru knapps 2 Wochen huet hie seng alleréischt Single eraus bruecht.

Take me home heescht déi éischt Single vum Samwell. Et ass en Numm, deen een an der Lëtzebuerger Musekszeen bestëmmt nach méi dacks héiere wäert. Wie gär elektronesch Musek lauschtert, huet d'Wuertspillerei hannert dem Kënschtlernumm bestëmmt och schonn erkannt. De Sam Felten, wéi de Museker mam richtegen Numm heescht, ass nämlech groussen Axwell Λ Ingrosso Fan. Seng Kolleegen hunn him doropshin de Numm ginn a fir hie stoung du fest, dass dat och sou soll bleiwen.

© Casimiro Knoester

Virun 2 Joer huet de Sam mat e puer Kolleegen ugefaangen, Musek ze mixen. Séier ass doraus de Grupp Ironik entstanen, mat deem si och schonn deen een oder aneren Optrëtt haten. Ënnert anerem sti si och um Programm vum LOA Festival, deen op d'nächst Joer Abrëll verluecht gouf.

Wärend dem Confinement awer huet de Samwell och ugefaangen, eleng ze mixen. Dacks huet hien d'Lidd mat sengem deemolege Matbewunner zesumme gelauschtert an evaluéiert. Duerch Tipps, Tricks an online Coursen ass d'Lidd Take me home dunn entstanen.

De Gesang gouf vum iresche Singer-Songwriter J Fitz opgeholl. Déi zwee Museker hu sech online fonnt an de Sam war direkt vun der Soul-Stëmm begeeschtert.

Dass bei dësem Lidd och Gesang dobäi ass, ass awer éischter eng Ausnam. De Museker wëll nämlech eigentlech éischter instrumental melodeschen Techno produzéieren. An dat ass et dann och, op dat mer eis vum Samwell an Zukunft nach freeë kënnen. Allgemeng dierf ee gespaant sinn, wat och nach vun deenen aneren DJ'en aus dem Grupp IRONIK esou kënnt.