De berüümtsten Hues vun der Welt feiert ronne Gebuertsdag. De Bugs Bunny kritt nämlech 80 Joer!

Eng Fro, déi sech Kleng a Grouss wärend de leschte Joerzéngten ëmmer nees gestallt hunn: Ass de Bugs Bunny en Hues oder awer vläicht eng Kanéngchen? Eng Fro, déi an de beschte Famillje scho fir Streidereie gesuergt huet. Den Numm an déi grouss Oueren deiten drop hin, dass et en Hieschen ass, an awer loossen d'Faarf vum Fell an de Wunnuert (nämlech e Bau) unhuelen, dass et och eng Kanéngche kéint sinn...

Virun 80 Joer hat den Zeechentrick-Regisseur Chuck Jones als éischt e Virgänger vum Bugs Bunny erfonnt, deen an "Elmer's Candid Camera" als Elmer Fudd opgetrueden ass. De 27. Juli 1940 war et dunn esouwäit: De Bugs Bunny huet d'Liicht vun der Welt erbléckst. Wärend de leschten 80 Joer huet sech net vill um Inhalt vun de Geschichte geännert: De Jeeër jot d'Déierchen, dat sech awer net afänke léisst, a gëtt schlussendlech op.

An der "Bungs Bunny Show" (1960) goufen Zesummeschnëtt vun de beschte Cartoons gewisen, déi Spectateure bis haut e Laachen an d'Gesiicht zauberen. An den 90 Joren huet d'Figur vum weltberüümten Hues e Revival erlieft, andeems Comicken a richteg Kinofilmer matenee kombinéiert goufen. Am grousse Ganze war de Bugs Bunny an 175 Kuerzfilmer ze gesinn. An esouguer bei Auszeechnungen huet d'Fellnues ofgeraumt: 1958 gouf et nämlech en Oscar fir "Knighty Knighty Bugs".

80 Joer no der Gebuertsstonn vum Bugs Bunny erlieft den Zeechentrickheld e weidere Comeback. Op der Plattform HBO, déi viru Kuerzem lancéiert gouf, kënnen ënnert anerem d'"Looney Tunes" mam Bugs Bunny an der Haaptroll gestreamed ginn.

Zu Éiere vu sengem ronne Gebuertsdag ass de 27. Juli eng Timber-Serie erauskomm, ganz nom Motto: ""Bugs Bunny Forever".