E war en Deel vum Heeschdrëffer Schlass, gouf ëm 1880 bis op 3 Portaler ganz ofgerappt an du nei opgeriicht.

De Päerds-Stall, deen de Bauhär vum Schlass vu Beefort a Gouverneur vu Lëtzebuerg, Jean Beck, am 17. Joerhonnert an Optrag ginn hat, gouf elo ofgerappt, obschonns de Kulturministère an d'Experten de Site, op deem en Alters- a Pfleegeheem bedriwwe gëtt, ënner Nationalen Denkmalschutz gesat hat.

Elo ass e weidert Stéck Lëtzebuerger Patrimoine verschwonnen. Ofrappen, en "Trend" hei am Land, deem senger Regierung och e bal 400 Joer alen Zäitzeien egal schéngt.

Wuesstem am Numm vun der Zukunft, vum Wuelstand vum Land; Logement schafen am Numm vun eise Kanner; Verännerung, well ee wëllt mat der Zäit goen. Zu Heeschdref war de Slogan e méi konkreten: Raum fir eeler Leit schafen, fir Mënschen déi Fleeg brauchen.

Kee vun de Manifestanten hei kontestéiert dat. "Luxembourg Under Destruction" heescht de Grupp, deen Auslänner - jo Net-Lëtzebuerger - an d’Liewe geruff hunn an deen an nëmme puer Méint 1.600 Memberen hat.

Hei huet de Regierungsrot de Nee vun der Familljeministesch virun d‘Decisioun vum Kulturministère gestallt, deen de Päerdsstall national protegéiert hat. De Proprietaire, d‘Congregatiounsschwësteren, hätte kee Kompromëss, keng Alternativ fir de Neibau, acceptéiert.

De Staatssekretär Guy Arendt - als Buergermeeschter vu Walfer wier hie scho kee Fan vum Patrimoine gewiescht, heescht et bei den Denkmalschützer - ma dee wier awer averstane gewiescht, déi 3 Portaler ze halen.

D’Denkmalschützer si formell: Wat hei geschitt ass, wier e Verstouss géint nationaalt an internationaalt Recht, a géint d‘Charten - dat Ganzt signé: le gouvernement.

Vun der Asbl Marédoc, dem Bedreiwer vum Altersheim zu Heeschdref, krute mer keng Stellungnam.

Dofir reagéiert awer d'Kulturministesch Sam Tanson, déi de Schutz vum Päerdsstall an d'Weeër geleet hat.

Obschonns d'Portaler definitiv an deen neie Projet reintegréiert ginn, bedauert d'Ministesch datt dëse Patrimoine verluer geet.

D'Ministesch Sam Tanson
Obschonns d'Portaler definitiv an deen neie Projet reintegréiert ginn, bedauert d'Ministesch datt dëse Patrimoine verluer geet.

Tanson: Et war en emblematescht Gebai

De Päerdsstall stoung ënner Denkmalschutz, ass awer ofgerappt ginn. Wéi ass dat méiglech?

D'Ministesch Sam Tanson
De Päerdsstall stoung ënner Denkmalschutz, ass awer ofgerappt ginn. Wéi ass dat méiglech?

Wat ass en Denkmalschutzgesetz wäert, wann eng Zerstéierung awer net ka verhënnert ginn?

D'Sam Tanson (2)
Wat ass en Denkmalschutzgesetz wäert, wann eng Zerstéierung awer net ka verhënnert ginn?