Theaterstécker a Fotoen festhalen, dat ass zanter Joren dem Bohumil Kostohryz seng Aarbecht hei zu Lëtzebuerg.

De Fotograf knipst di lieweg Zeenen op der Bün an hält esou Momentopnamen fest. Seng Expo an der Abtei Neimënster weist d'Bünen vun eise nationalen Kultur – an Theaterhaiser, an dat mat engem architektonesche Bléck.

Zënter gutt 20 Joer lieft de Fotograf Bohumil Kostohryz hei zu Lëtzebuerg. An Tschechien huet hien eng Ausbildung als Architekt gemaach an ass wéinst engem Stage di éischte Kéier op Lëtzebuerg komm. Ma mat der Zäit huet sech seng Leidenschaft fir d'Fotografie awer duerchgesat. Spezialiséiert huet hie sech op d'Theaterliewen hei zu Lëtzebuerg.

D’Iddi d'Lëtzebuerger Theaterbünen ze fotograféieren ass vun der Theaterfederatioun komm, fir se um Festival zu Avignon ze presentéieren. Eng Commande di de Fotograf d'läscht Joer realiséiert huet an fir déi hie sech op de Raum selwer konzentréiert huet, ouni Dekor, ouni Schauspiller an ouni speziell Bünebeliichtung.

Am Konzept vun der Serie ass ëmmer ee Personnage poséiert, den Direkter oder Directrice vum Haus. De Bohumil Kostoryhz huet awer munchmol e bësse Raum fir Beweegung dra gelooss an dat wat am Hannergrond leeft einfach geschéie gelooss. De Fokus läit awer virun allem op der Geometrie, de Proportiounen an der Architektur.

Bis de Sonndeg kann een d’Ausstellung an d'Chapelle vun der Abtei Neimënster kucke goen, dono wandert se weider op Miersch, Ettelbréck an an d'Banannefabrik.