Och wa Blanket Hill, wéi si selwer soen “Fremde im eigenen Land” sinn, maache si sech sou lues en Numm zu Lëtzebuerg. Hir nei Single heescht "Defcon one".

Blanket Hill, dat sinn den David um Gesang, de Sven an de Max op der Gittar, den Ornello um Bass an de Guy op den Drums. Scho laang kennen déi 5 Frënn sech an eng Partie vun hinnen hunn och viru Blanket Hill schonn zesumme Musek gemaach. Ma deen hei Projet leeft elo scho 5 Joer an en Enn ass nach laang net en Vue. Dat hu si och elo rëm mam Release vun hirer neier Single bewisen.

Defcon One - beim amerikanesche Militär bedeit dat déi héchst Alarmstuf. Ausgeruff gouf se nach ni, ma d’Band fënnt, dass eis gesellschaftlech Situatioun an d’Denk Aart a Weis vu verschiddene Leit och no enger héijer Alarmstuf ruffen.

© Ashlea Beverly-Rose

D’Iddi vum Lidd ass net nei. Scho virun 2 Joer hate si d’Grondlag an hunn de Song esouguer schonn op hirer leschter Europa-England-Tour gespillt. Ma elo am Confinement hu si d’Lyrics an d’Melodie nach eng Kéier iwwerschafft. Virun 2 Joer schonn aktuell, ma momentan wuel nach méi. Wärend si um Lidd geschafft hunn, sinn nämlech an Amerika d'Black-lives-matter-Demonstratiounen, wéinst dem Dout un ënnert anerem dem George Floyd, lassgaangen.

D’Band wëll, dass hir Musek gelauschtert a verstane gëtt. Si wëllen hir Plattform notzen, fir op gesellschaftlech Problemer opmierksam ze maachen, op an och nieft der Bün. Dofir hu si och scho virum Release vun Defcon One mam Verkaf vun T-Shirten Spende fir d’Black-lives-matter-Beweegung gesammelt.

Fir d’Zukunft hu si och scho vill geplangt, ma villes ass wéinst dem Coronavirus an d’Waasser gefall. Dovunner loosse si sech awer net encouragéieren. Soubal et rëm méiglech a sécher ass, wëlle si Concerten zu Lëtzebuerg an Ugrëff huelen, well där goufen et vu Blanket Hill nach net esou vill.

© Yannick Schroeger

Och wa si net esou e grousse Public erreeche wéi déi ganz grouss Bands, hoffe si dach, mat hirer Musek eppes beim Denke vu verschiddene Leit veränneren ze kënnen. D’Single Defcon One, hir Presenz an de soziale Medie mat hirer Meenung an esou Aktioune wéi de Verkaf vun T-Shirte fir Spendenaktioune sinn do bestëmmt schonn e Schratt an déi richteg Richtung.