De 5. August gëtt de Film "Cuentos del río" vun der Lëtzebuerger Realisatrice Julie Schroll am Kader vum LuxFilmLab am Ciné Utopia gewisen.

De LuxFilmLab ass eng Initiativ vum Luxembourg City Film Festival, zesumme mat Kinepolis. All éischte Mëttwoch vum Mount gëtt e Wierk an de Fokus gestallt. Dëst si Wierker, déi vum Comité Artistique vum LuxFilmFest an der Programmatiounsekipp vum Kinepolis erausgesicht ginn, an déi net konnten am Kader vum Festival gewise ginn, allerdéngs d'Qualitéit dofir gehat hätten.

De 5. August steet deemno ganz am Zeeche vu Raconte-moi le fleuve (Cuentos del río) vum Julie Schroll. Den Documentaire erzielt d'Geschicht vun engem Proff am Nicaragua, deen zesumme mat senge Schüler en Theaterstéck um Bord vum San Juan Floss schreift, dat d'Kanner dozou bréngt, iwwert hir Identitéit nozedenken, an och iwwert d'Zukunft vun hirem Land, an deem e grousse chinesesche Projet fir eng Kanalisatioun geplangt ass.

D'Avant-Première vum Film war eigentlech fir den 1. Weekend vun der 10. Editioun vum Festival geplangt, huet allerdéngs wéinst der Pandemie missen annuléiert ginn.

De Produzent vum Film, de Jésus Gonzalez, ass bei der Seance de 5. August dobäi.

Ticketen ginn et ënnert: www.kinepolis.lu/fr/content/lux-film-lab / www.luxfilmfest.lu/fr/event/luxfilmlab