Bis de 14. August ka jidderee fir säi Favorit beim Fotosconcours "Biotopes dans la Grande Région" stëmmen.

Organiséiert gouf de Concours vum Europaministère vum Saarland zu Éiere vum 25. Gebuertsdag vum Sommet vun der Groussregioun. Déi 25 Fotoe komme vu 25 lokale Foto-Clibb aus der Groussregioun. Um Internetsite kann een ofstëmmen, wéi eng Fotoen de Concours gewanne sollen.

Et si 5 Fotoen aus all Deel-Regioun. Déi 25 Finall-Biller kommen an de Kalenner vun der Groussregioun fir d'Joer 2021. Et gi 5 Gewënner, ee pro Regioun, si kréien op de Kapp 200 Euro. D'Foto mat de meeschte Stëmme kann een dann op der Titelsäit vum Kalenner bewonneren.

Zur Groussregioun gehéieren de Grand-Duché, d'Wallonie, d'franséischsproocheg Fédération Wallonie-Bruxelles an déi däitschsproocheg Communautéit an der Belsch, d'Saarland a Rheinland-Pfalz an Däitschland, an d'Lorraine a Frankräich.