Freidegowes gëtt um 20 Auer ëmmer e klenge Concert vun der Philharmonie offréiert, deen op Facebook an op RTL.lu gestreamt gëtt.

Fir dëse leschte Concert vun dëser Serie "Phil Live doheem" war et um Freideg Musek vun den United Instruments of Lucilin.

"Phil live doheem" offréiert freidegowes eng Mëschung aus verschiddene Genren an héchster Qualitéit, mat Kënschtler aus Lëtzebuerg an och OPL-Museker.