Zanter 2018 gëtt et déi national Bildungsstëftung UpFoundation. Si setze sech fir eng chancëgerecht Bildung an.

Fir si zielt dobäi awer net nëmmen déi schoulesch Bildung, ma och déi ausserschoulesch. Reegelméisseg bidde si dofir Workshoppen un, bei deenen all Kand deelhuele kann. An de leschte Méint hu si awer, wéinst der Pandemie, missen iwwer 100 Aktivitéiten ofsoen. Fir elo rëm ënner d'Leit ze kommen an deene Jonken aus de Maison Relaise bëssen Ofwiesslung ze bidden hu si den "TOTO Bus Tour" lancéiert.
De But vum Bus Tour 2020 ass et, de Bols vun de Kanner a Jugendlechen an dëser komescher Zäit ze fillen. De Slogan vum Projet ass dann och "Exprime-toi", also "Dreck dech aus". Si wëllen déi Jonk "mat Bildung opfänken", wéi d'Direktesch vun der Fondatioun, d'Liz Kremer, selwer seet. Bildung ass awer net just dréchen an der Schoul léieren. Et kann och Konscht sinn, Beweegung oder Musek. A genee dat wëlle si deene Jonke bidden. Mam TOTO fuere si dowéinst duerch dat ganzt Land an empfänken d'Kanner fir verschidde Workshoppen a genee deene Beräicher. Encadréiert gi si dobäi ëmmer vu verschiddene Kënschtler.

Bei engem vun de Workshoppe sollen d'Kanner hir Erfarungen an Emotiounen aus der Corona-Kries opmolen oder -schreiwen. Dobäi kréie si natierlech och vun de Kënschtler gehollef. All d'Wierker ginn da gesammelt an am November, fir den internationalen Dag vun de Kannerrechter, ausgestallt.

Den Tour vum TOTO steet esou wäit. Um Programm stinn ënnert anerem Esch-Uelzecht, Réimech, Wolz, Déifferdeng oder d'Kannerduerf zu Miersch. Wien awer nach Interessi huet an de Bus och a senger Staat wëll gesinn, kann och elo nach eng Ufro bei der Fondatioun maachen.